KIVO / Barf / Rohfütterung
Kivo ass eng hollännesch Firma wou fir eis de Barf hirstellt. Mir gin d'Fleesch selwer sichen a kennen déi komplett Produktioun, well nëmmen esou kenne mir eis vun der Qualitéit iwerzeegen.
Wisou hun mir Faerdegbarf?
D'Fidderen vun réihem Fleesch un de Mupp entweckelt sech emmer méi an eng Wëssenschaft fir sech. Mir hun d'Erfahrung gemach, dat och wann d'Léit sech dat néidegt Wëssen ugeegent hun fir d'Fleesch selwer zesumme ze stellen, esou gett awer oft den Detail vernoléissegt an e Mangel un Mineralien, Vitaminen a Spurenelementer féieren zu Mangelerscheinungen wou oft ze spéit gesi gin.
De Faerdegbarf erméiglecht Iech aeren Mupp mat frëscher a gesonder Ernahrung ze fidderen, ouni Langzaitrisiko.
Mir selwer hun joerelang de Barf selwer zesummegestallt fir 8 Muppen, a wëssen dofir wéi genau een dat aal Daag muss machen, a wat fir een Zaitopwand hannendrun ass.
Fiddert aer Muppen w.e.g. gewëssenhaft ; hir Gesondheet seet Iech Merci :-)
Rand + Poulet Welpen
(kleng gemuehlen)
Rand + Int Welpen
(kleng gemuehlen)
Rand + Poulet
Gees mat Int / Ziege mit Ente
Rand / Rind
Schof/Lamm
Paerd mat Kanengchen / Pferd und Kaninchen
Fësch mat Hong/
Fisch mit Huhn
Int / Ente
Pansen mat Hong /
Pansen mit Huhn
Hong / Poulet
Rand mat Int / Rind mit Ente
5 Fleeschzorte gemëscht
Meat to go - Vakanz
faerdegt Geméis gefruer