klappbar Stoffbox

 

Mir verkaafen déi zesumme klappbar Stoffboxen vun der Marque Maelson, well hir Qualitéit bedéitend besser ass wéi déi "gängeg" Stoffboxen.

 

Dëse Modell ass extrem stabil well dat verschafftend Material méi robust ass. Wann de Mupp mol eng Kéier kratzt, dann ass nët glaich e Lach dran.

 

Dir kennt d'Box uewen, vir an op der Sait opmachen.

 

De Buedem ass waasserdicht, wat ganz interressant ass fir Léit wou esou Cagen notzen ob z.B. Agilitysturnéier, wou moies d'Graas nach naas ass. De Mupp soll dreschen léihen, soss ass d'Arthrose virprogramméiert, besonnesch fir "Sportsmuppen".

 

Des Stoffbox ass awer och ideal fir mat an den Hotel z.B. ze huelen.....si ass liicht an et kann een se dofir einfach transportéieren.