Och während der "COVID-19 Krise" ass main Geschäft op,

esou dat aere Mupp emmer eng voll Fudderschossel huet.

***

Fir dat keen ze laang am Buttik muss warden, kennt dir mir gaeren aer Bestellungen am Viraus mailen bonos-dogshop@pt.lu oder schreiwen per SMS 621350015, an dann machen ech Iech aer Bestellung prett fir de gewënschten Daag an Auerzait.

*** 

Wann een vun eiser Clientèle krank ass, liweren mir an desen Ausnahmsfäll och heem. 

Merci fir aer Ënnerstëtzung

 

Haerzlech wëllkomm beim BoNo's Dog Shop zu Groussbus

 

Sait menger Kandheet beschäftegen ech mech mat Muppen. Ech selwer sin Hondsziichter ennert dem F.C.L., Hondstrainer a stolze Besetzer vun 5 Muppen.

 

Regelméisseg besichen ech Fortbildungen am Beraich Erzéihung an Ernährung fir Honn.

 

Ech sin Hondsfrënd aus Leiw a Séil a fir meng Muppen hescht et: "Nemmen dat Bescht ass gudd genuch."

 

Dofir ass main Geschäft 2014 an d'Liewe geruff gin, well och Aer Muppen sollen "nemmen dat Bëscht kréien" !

 

D'Ernährung ass d'Spigelbild vun der Gesondheet vun aerem Hond !!!

 

Ech hun fir bal all Problem (Allergiker Hond, kee gudd setzend Geschirr, ...) déi passend Léisung.

 

An als Hondstrainer, gin ech Iech gaeren nach e gudden Trainingstipp mat op de Wee. 

 

Kommt an iwerzeegt Iech selwer vun der Qualitéit vun eise Produkter.

 

Romaine NOE