Gitterbox

 

 

 

"Ech sperre main Mupp dach net an e Käfeg".

 

 

 

Ech muss zougin, dat och ech "fréiher" nimols main Mupp hätt wëllten asperren, mee meng Muppen hu mech eppes Besseres geléiert, an nët nëmmen meng Muppen mee och si Fan vun der Gitterbox gin.

 

Firwat ass eng Gitterbox sënnvoll?

 

 

 

Et hëlleft de Mupp séier propper ze kréien.

 

 

 

Wann dain Welpen an der Gitterb ox schéifs, kanns du déi nierwt dain Bett stellen. Nuets wann dain Welpen eraus muss, meld hien sech an du kann schnell mat him eraus goen. Raus huelen aus der Box a bis op seng Pipi-Plaaz eraus droen. Huet hien sain Pipi gemach, gëtt de Welpen geluewt an dir kennt weiderschlofen.

 

 

 

Dain Welpen ass secher an der Gitterbox.

 

 

 

Et gin Zaiten wou's du n^ët permanent kanns een Aa op dain Welpen hun, well e Kand Hausaufgaben mescht, wells du muss kachen oder staugsaugen etc. Dann ass et praktesch den Hond kennen secher anzwousch ze setzen ouni dat hien z.b. un Stroumkabbele knabbert. Mat e bessi Knabberspaass an der Box ass et him bestemmt nët langweileg.

 

 

 

Dem Mupp sain "Réckzugsort"

 

 

An der Gitterbox gesait de Mupp alles a kann glaichzaiteg zu Rouh kommen, well de Mupp léiert och mol Paus ze hun ouni dauerhaft bespaasst ze gin.

 

 

 

Da heescht natiierlech net dat aeren Welpen oder Erwuesene Mupp soll stonnelang agespaart sin.

 

 

 

Och wann Diiren vun der Gitterbox op ass, gi meng Muppen gaeren dra schlofen. Diir gett net emmer zougemach, och bei enger oppener Diir schléift et sech gudd. De Mupp kann sech hei zeréckzéihen. Et ass eng Art "Rückzugsort".

 

 

 

Dir waert mierken dat aere Mupp seng Gitterbox fraiwëlleg waert opsichen. Kanner an de Besuch hun bei absolut "Belästigungsverbot" an der Gitterbox.

 

 

 

All Gréissten sin op Stock.

 

Esou eng Box soll grouss genuch sin, fir dat de Mupp sech kann bewegen an awer och kleng genuch fir dat et sain Schlofeck ass.